top of page

Cake Smash

Wéini

 

Wéi schell Zäit vergeet, elo as ären Bébé schon 1 Joer, dofir hun ech deen perfekten Fotoshooting fir ärem Butz säin éischten oder och den zweeten Gebuertsdag ze feieren.

Awer och einfach esou fir een flotten Dag mam Butz ze verbrengen mat vill Freed an ganz vill laachen fir déi Kleng an natierlech och fir d'Elteren.

Liechtend Kanneraan, farwegen Kuch an iwerall Creme, hei as emol alles erlaabt fir eis Gebuertsdagskand.

 

Wou

 

Am Studio wou ech all Accessoiren zur Verfügung hun an och eng Dusch direkt nierwenddrun, fir Ären klengen "Zockerséissen", nodeems en sech ausgetoopt huet, erem propper kënen mat Heem ze huelen mee normalerweis gin e puer Lingetten duer ;-)

Awer och dobaussen wenn et wierklech gudd warm as.

 

Wéilang

 

Dir kënt ongeféier 1 Stonn aplangen.

 

Firum Shooting

 

Denkt drun min. een Buedduch an eng frësch Wëndel matzebrengen.

( Probéiert w.e.g. Verspéidungen ze vermeiden, Merci :-) )

No dem Shooting

 

Dir kritt 15 bearbescht Fotoen an maximaler Opléisung op engem USB Stick.

Hei roden ech Iech un een Fotobuch mat ze bestellen well een sou d'Fotoen méi flott als Série erkennt. (Präiss op Ufro wéint verschidden Formater)

Een Cake Smash Fotoshooting as 390€ (ttc).

Kuch as net am Präiss mat dran.

(Infos fir den Kuch (wéi en soll sin...) kënt Dir bei mir nofroen).

bottom of page