Pregnancy

Aus eegener Erfahrung wees ech wéi flott an ewéi spannend déi Zäit as wou een säin Baby

am Bauch bei sech dréit. Voller Virfreet op deen neien Butz.

Och des 9. Méint gin op emol schnell erem an dann as et schéin des Errënnerungen festgehaalen ze hun.

Fir d'Elteren awer och natierlech fir d'Kanner wenn se no e puer Joer kënnen am Album bliederen.

Wéini

 

Déi beschten Zäit fir Ären Babybauch fotograféieren ze lossen as ongeféier een Mount firum Gebuertstermin.

 

Wou

 

Haaptsächlech am Studio oder dobaussen wenn d'Wieder et erlaabt.

 

Wéilang

 

Dir kënt 2 Stonnen aplangen.

 

Firum Shooting

 

Äre Partner an déi zukünfteg grouss Geschwëster kënen gären matkommen.

Accessoiren hun ech am Studio, wenn Dir awer schon eppes léiwes fir den klengen Butz hutt wéi z.B. Schong, klengen Teddy oder ähnleches dann kënt Dir et gär matbrengen, dat as dann méi perséinlech.

Fir zukünfteg Mama hun ech och flott Kleeder an Accessoiren, brengt just emol schwarz an emol wéiss Enerwäsch mat an eng Jeans oder donkel Leggings.

(Verspéidungen iwer 15 min. kann ech leider netméi unhuelen, well sos den Programm mat aner RDV'en oder d'Retouchearbeschten drënner leiden, ech hoffen Dir verstidd dat. Merci :-) )

 

No dem Shooting

 

Dir kritt 10 bearbescht Fotoen vun 10 verschiddenene Posen an maximaler Opléisung emol farweg an emol sw op engem USB Stick.

Een flott Fotobuch kritt Dir géint Oppräiss dobäi. (Präiss op Ufro wéint verschidden Formater)

Een Schwangerschaftsfotoshooting as 300€.(ttc)

Wenn Dir durno och mat ärem Butz wëllt bei mech kommen, entweder fir een "Newborn" oder "Baby" Shooting verrechnen ech Iech just 270€ (ttc) fir den Schwangerschaftsshooting.