top of page

Communion

Ech machen Iech flott Kommiounsfotoen, entweder klassesch mat Rack oder Tunique oder och modern mat flotten Kleeder déi Dir erausgesicht hutt. Wenn Ärt Kommiounskand een Hobby huet brengen ech dat och gär an e puer Fotoen mat an.

Wéini

 

Fir een RDV mellt Iech ab Januar bei mir dann kucke mir zesummen fir een Datum.

 

Wou

 

Am Studio oder dobaussen am Fotogaart wenn d'Wieder et erlaabt.

 

Wéilang

 

Dir kënt 2 Stonnen aplangen.

 

Firum Shooting

 

Wat Dir kënt matbrengen (demno wéieen Stil Fotoen Dir wëllt hun):

- Natierlech gär Geschwester

- Rack oder Kostüm/modernt Outfit oder/an Tunique + Kordel (an Kräiz)

- Magnificat, Rousekranz (hun ech awer och do)

- Blummen fir an d'Hand oder fir an d'Hoer

- Hut oder Kaap

- Hobby ( z.B.: Musiksinstrument, Sportart,...)

( Probéiert w.e.g. Verspéidungen ze vermeiden, Merci :-) )

No dem Shooting

 

Dir kritt 15 bearbescht Fotoen an maximaler Opléisung emol farweg an emol sw op engem USB Stick.

Een flott Fotobuch kritt Dir géint Oppräiss dobäi. (Präiss op Ufro wéint verschidden Formater)

Een Kommiouns Fotoshooting as 370€.(ttc)

bottom of page