Kids

Wéini

 

 D'Kanner Serie fängt un ab 1 Joer an geet bis 16.

Fir eng Familienfoto kënen natierlech och gär d'Geschwester matkommen.

 

Wou

 

Kids Studio:

Hei gin Fotoen am Studio gemaach wou ech vill Accessoiren zur Verfügung hun.

 

Kis Outdoor:

Hei gin Fotoen haaptsächlech am Fotogaart gemaach wou ech vill flott Accessoiren prett hun.

Dësen hun ech direkt hannert dem Studio, sou hun mir wenn d'Wieder géing ëmschloen d'Méiglegkeet am Studio weider ze machen.

 

Wéilang

 

Dir kënt 2 Stonnen aplangen.

 

Firum Shooting

 

Fir déi méi kleng, denkt drun genuch Iessen matzebrengen, Wëndelen an eng Decken fir zweschen den Posen warm ze haalen. Fir déi kleng an déi grouss kënt Dir bis zu 2 Outfiter apaken an gären flott Accessoiren.

(Verspéidungen iwer 15 min. kann ech leider netméi unhuelen, well sos den Programm mat aner RDV'en oder d'Retouchearbeschten drënner leiden, ech hoffen Dir verstidd dat. Merci :-) )

 

No dem Shooting

 

Dir kritt 20 bearbescht Fotoen an maximaler Opléisung emol farweg an emol sw op engem USB Stick.

Een flott Fotobuch kritt Dir géint Oppräiss dobäi. (Präiss op Ufro wéint verschidden Formater)

Een Kanner Fotoshooting as 390€.(ttc)