Newborn

Déi éischt Deeg am Liewen vun engem Neigebuerenen klengen Mënsch sin eemoleg, all eenzelnen gläicht engem Wonner.

Nemmen déi éicht Wochen sin se esou reng an winzeg an shlofen wéi een Murmeldéier.

Ech freeën mech d'Erënnerungen un des éischt Deeg fir Iech festzehaalen.

Haaptsächlech machen ech Fotoen vum Neigebuerenen an dann och mat den Elteren zesummen.

Wéini

 

Déi beschten Zäit fir Ären Neigebueren Butz fotograféieren ze lossen as an den éischten 10 Deeg. ( 5 - 10 Deeg )
Do get och emmer den Newbornshooting gemach, durno get et dann den Babyshooting (ab 4 Méint).

Fir een RDV mellt Iech bei mir esou schnell ewéi méiglech ( 1. - 2. Dag no der Gebuert ).

No dem 2. Dag kann ech leider netméi fir een RDV garantéieren.
Am beschten Dir mellt Iech bei mir schon an der Schwangerschaft fir en Rdv an soubal den Bébé op der Welt as machen mir dann een festen Rdv aus.

 

Wou

 

Am Studio wou ech extra fir Neigebueren Bébéen ageriecht sin an all Accessoiren zur Verfügung hun.

Am Studio as et och gudd kuscheleg warm, dat déi kleng net kaal gin, sou bereeden ech den Butzen ganz douce an mat vill Gedold een gemittlechen éischten Fotoshooting.

 

Wéilang

 

Dir kënt 2-3 Stonnen aplangen. Natierlech as genuch Zäit fir kleng Fidder, Wéckel an Kuschelpausen ageplangt.

 

Firum Shooting

 

Fir dat Ären Butz gudd midd as fir den Fotoshooting, (well en jo am schlofen fotograféiert get), as et am beschten en get nach emol 2 Stonnen firum rdv geniert sou dat en durno am Studio nach emol kritt oder Doheem just ier Dir fortfuert demno wéi wéit ären Wee as. Dir kënt en och nach bueden firdrun an eng Suckel matbrengen wenn en schon eng hëlt dat hëlleft alles fir dat en hei gudd midd as an mir flott Fotoen vun him kënne machen. Wenn Dir net niert, denkt drun och genuch Mëllech matzebrengen.

Soubal mir en festen Rdv hun schécken ech Iech och nach eng Mail mat allen Detailer.

( Probéiert w.e.g. Verspéidungen ze vermeiden, Merci :-) )

No dem Shooting

 

Dir kritt 20 bearbescht Fotoen an Original Qualitéit emol farweg an emol sw op engem USB Stick.

Een flott Fotobuch kritt Dir géint Oppräiss dobäi. (Präiss op Ufro wéint verschidden Formater)

Een Newborn Fotoshooting as 450€.(ttc)

Wenn Dir schon fir den Schwangerschaftsshooting do wart kritt Dir 30€ ofgereschent um

Newborn oder Babyshooting.